Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Turntreff mam Idette Cativelli


09.01 - 30.04 / 09:00 - 10:00

22€

Trainéiert Är kierperlech Konditioun an Är Figur. Ënnert der Leedung vum Idette Cattivelli ginn d‘ Muskelen op flott Musek an Héichform bruecht. Vun den Zéiwespëtzte bis zu den Ouerläppercher, hei gëtt all Kierper-Partie trainéiert.

D‘ Idette bréngt vill Energie a Begeeschterung mat an dat stécht un. Am Grupp ass esou eng flott Ambiance, datt een einfach matgerappt gëtt an de Muskelkater net spiert.

Jidderee mécht no sengen individuelle Méiglechkeete mat. Packt Där eng Übung nëmmen 3 Mol? Net schlëmm. D‘ Idette motivéiert Iech a mat e bësschen Ausdauer klappt et beim nächsten Training schonns 5 Mol.

Entraînez votre condition physique et votre silhouette avec Idette. De nombreux exercices sur musique vous sont proposés afin de travailler toutes les parties du corps.

Dënschdes, mardi : 9h00-10h00 / Donneschdes, jeudi : 9h00-10h00

RDV: Centre sportif Schifflange, rue du Parc

Präis: 22€  (10 Séances bezuelt gëtt op der Platz, paiement sur place)

Matbréngen: Turnmatt, bequeem Kleedung, Gedrénks

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.