Exklusiv fir Männer: Visitt vun der Brauerei Iechternach mat Béierverkostung
10.03.2023 / 11:00 - 17:00
49€E gemeinsaamt Mëttegiessen an der Konsdrëffer Mille steet um Programm, wou mär eis a geselleger Ronn stäerken, éier et weider Richtung Iechternach, an d’Brauerei geet.
Wärend enger gudder Stonn gi mär vill Wëssenswäertes iwwert d’Brauerei gewuer, an natierlech dierf eng Froe-Ronn net feelen.
„Im Spätsommer 2016 ging es los mit dem Echternacher Bier. Ein „helles“ naturtrüb, „Kristall“, „Grilo“, sowie saisonale Biere werden seitdem in Bech gebraut. Unser Konzept ist es, hochwertige Biere zu produzieren. Selbstverständlich ist unsere Produktionsmenge viel kleiner als die der traditionellen großen Brauereien.“
Als Ofschloss no eiser Visitt erwaart eis dann nach eng Degustatioun vu 5-6 Béierzorten.
Wéini:
Freideg / Vendredi:
10.03
RDV:
11h00 beim Club
11h10 beim Hall Polyvalent
Präis: 49 € (Visitt an Béierverkostung, Bus)
Sprooch: Lëtzebuergesch
Umeldung: 26540492 info@beimkiosk.lu
Iwwerweisen: „Brauerei Echternach“