Visitt vum Quartier Italien zu Diddeleng
01.07 / 9:45 - 13:00
gratisAm Juli steet d’ Land Italien bei eis am Fokus. Dofir hu mär eis geduecht, de Quartier Italien besichen ze goen. Dëse Quartier huet säin Numm wëll am 19ten Joerhonnert zwar net nëmmen, mee vill Italieener gewunnt hunn. Déi sinn deemools aus Italien op Lëtzebuerg komm fir hei an der Stolindustrie ze schaffen. Mär hunn d’ Méiglechkeet mat engem Guide ronderëm ze goen deen eis interessant Erklärunge gëtt wéi et zum Quartier Italien komm ass, wéi deen opgebaut ginn ass a villes méi. Sidd och Där drun interesséiert, da kommt mat. Bei der Visitt musse mär vill Trape goen.
Venez avec nous découvrir le quartier italien à Dudelange. Avec un guide on aura la possibilité d’avoir des explications comment ce quartier s’est construit à la fin du 19ème siècle.
Wann/quand: Méinden/Lundi 01.07.2024
Auerzäit/heure: 9h45
Rendez-vous: Gare Dudelange-Usines (Rue Gare Usines L-3481 Dudelange) beim CDMH
Präis/prix: gratis, gratuit
Sprooch/langue: Lëtzebuergesch
Umeldung/inscription: Tel.: 26540492 oder info@beimkiosk.lu