Chargement Évènements

« Tous les Évènements

Cet évènement est passé

Lies Boma – Lies Bopa


24.08.2023 - 20.12.2023 / 08:00 - 08:00

gratis

En intergenerationelle Projet mat de Schoulklassen aus der Lydie Schmit Schoul vu Schëffleng.

Zanter leschtem Schouljoer ass de Liesgrousseltere Projet, zesumme mat der Lydie Schmit Schoul, erëm um Lafen, an dëst mat engem flotten Erfolleg. Et geet hei drëms, d’ Kanner beim Liesen ze ënnerstëtzen, de Kanner eng „Hëllef“ ze gi fir Spaass a Freed um Liesen ze kréien, mat de Kanner iwwert Bicher schwätzen an de Kanner nolauschtere wann si iwwert hier Erliefnisser erzielen. Grousseltere sinn eng wichteg Stäip fir d’ Kanner wann et ëm Liese geet, well si oft déi néideg Gedold, Zäit a Léift matbréngen, déi heizou néideg ass.

Wann Iech dëst elo usprécht, an Där och Loscht kritt hutt hei matzemaachen, da mellt Iech bei eis am Club Haus an da kënne mär Iech all weider Informatiounen heizou ginn.

Umeldung: 26540492 oder info@beimkiosk.lu

 

 

Veuillez vous connecter pour vous inscrire à l'événement.