Chargement Évènements

« Tous les Évènements

Cet évènement est passé

3D-Drock-Cours / Een 3D-Drock Cours fir all Ufänger am 3D-Drock!


06.10.2023 - 13.10.2023 / 18:00 - 20:00

105€

Du wëlls genau wëssen wéi een 3D-Drécker funktionéiert a wat een alles domat maache kann? Vum fäerdege Modell aus dem Internet bis zum eege Modell designt an engem CAD-Programm?

An dësem Cours gëtt vill „Learning bei doing” gemaach, dh mir entdecken a lockerer Atmosphär lues a lues wat 3D-Drock ass fir dat jiddereen zum Schluss seng eege Modeller, wéi zB Ersatzstécker, praktesch Gadgeten, Schlësselunhänger a villes méi kann hierstellen!

Du léiers alles wats du brauchs fir um Ënn vum Cours deng

eege Modeller kënnen hierzestellen!

 

3D-Drock ass d’Zukunft, souzesoen „Heimwerken 2.0“!

Keng Virkënntnisser neideg.

Den Modell fir den 3D-Drécker sicht jiddereen sech virum Cours aus, dësen gëtt vun eis fir dech kaft an nom Cours hëlls du dein Drécker mat Heem.

Am Virfeld gëtt dir eng Lëscht zougeschéckt op der jiddereen een Drécker aussicht, fir, datt mir se virum Cours all zesummen kënnen bestellen. Sou fänkst du den éischten Cours mat dengem eegenen Apparat un.

Präis: 105€, plus Kaf vun engem 3D-Drécker mat Filament (+-20-25€ pro Rull)

5 x 2h, Freides Owes 18h00-20h00

Lieu

2, Kaesfurterstrooss
9755 Hupperdange
Luxemburg + Google Map
Téléphone :
998236
Site :
Voir Lieu site web

Veuillez vous connecter pour vous inscrire à l'événement.