Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Visitt vun der Zooschoul am Beetebuerger Park


09.09 / 11:00 - 17:00

20€

De Beetebuerger Park ass ëmmer e Besuch wäert. Loscht eng Kéier d’ Zooschoul genau ënnert Lupp ze huelen? An och e Bléck hannert d’ Kulisse ze werfen? Där hutt dësen Dag zoufälleg och nach Äert Enkelkand ze versuergen? Dann ass dëst genau dat Richtegt. Mëttes ass fir eis den Dësch am Restaurant reservéiert, wou mär à la carte iessen.

Bei der Visitt vun der Zooschoul ( +/- 1 Stonn ) gi mär duerch  d’Amazonashaus, mär kucken eis verschidden Déieren un, mär kréien Informatiounen aus der Geschicht vum Park a mär kënnen hannert d’Kulisse kucken, wou z.B. d’Fudder virbereet gëtt.  An eng kuerz Erklärung, wéi déi Atelier protégéeën funktionéieren. No der Visitt trëppele mär gemittlech duerch de Park, kucken eis all Déieren un, déi aus verschiddenen Kontinenter (Australien, Afrika, Amerika, Asien, Europa) kommen, a loossen den Nomëtteg mat engem gudde Patt op der Terrass auskléngen.

Wann/quand : Méindeg / lundi   09.09.2024

RDV : 11.00 Auer op der Gare Schëffleng

Präis/prix : 20€ (Visitt vun der Zooschoul an Entrée vum Park) (bezuelen bis den 09.08.2024)

Sprooch/langue: lëtzebuergesch/deutsch, français

Umeldung/inscription: 26540492 oder info@beimkiosk.lu

Iwwerweisen/virement: „Beetebuerger Park“

https://www.parc-merveilleux.lu/

 

 

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.