Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
Visitt vum SIDEC um Fridhaff
21.03 / 10:00 - 12:00
kostenlosDe Gemengesyndikat SIDEC organiséiert zanter 1972 d‘Offallwirtschaft an de 45 Nordgemenge vu Lëtzebuerg. Di eenzel Aktivitéite vum SIDEC lafen um Fridhaff zesummen.
Mir weisen Iech wärend der Visitt wei den häuslichen Offall aus der Haus-zu-Haus Sammlung am Prozess vun enger mechanesch-biologescher Opbereedung verschafft gëtt fir di restlech Ressourcen an potentiel Energie erauszetrennen.
An der Kompostanlag kennt dir gesi wei aus Grengschnëtt Kompost gemaach gëtt.
D’Sammele vun eenzele getrennte Fraktiounen am Ressourcenzenter erkläert de Wee fir di bestoend Ressourcen esou laang wei méiglech am Kreeslaf ze halen.
(Quell Sidec)