Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Visitt vum Projet Hecken Geméis


05.06 / 13:45 - 16:00

HeckenGeméis ass e solidaresche Geméisbaubetrieb, dee säi Geméis a grousser Villfalt säit 2020 zu Habscht ubaut. An hirem Gaart setze sie op nohaltegen Ubau, dobäi verzichte sie op Pestiziden a chemesch-syntheetesch Düngemëttel. Och probéieren sie hiren Buedem, hiert wäertvollste Kapital, esou gutt wéi et hinne méiglech ass, ze schounen an dofir schaffen sie am Gaart nom Prinzip vum „no-dig“ – „net ëmgruewen“, e gesonde Buedem ass nämlech d’Viraussetzung fir qualitativ héichwäertegt Geméis mat engem gudde Nährwäert.
Dat ganzt Joer iwwer kritt dir, nierft verschidden aner Produiten vun Regionale Produzenten, hiert Geméis am Self-Service 24h/7 an hirem HeckenButtek zu Habscht ze kafen.
Léiert den Geméisgäertner hannert dem Projet HeckenGeméis kennen an kommt mat eis op d’Bickeltchen kucken, wou dat frëscht saisonaalt Geméis hierkënnt.

RDV 13h45 beim Treff wann dir wellt zu Fouss mat eis op d’Bickeltchen trëppelen, oder RDV um 14h15 op der Bickeltchen.
D‘Visitt ass gratis

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.