Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Visitt Ausstellung Yvette Rischette


22.08.2023 / 8:00 - 17:00

gratis

Falls Där nach net vum Yvette Rischette héieren hutt, dann ass elo de Moment komm. Säit si kleng ass huet si sech fir Konscht interesséiert. Et huet mat bastelen an der Kandheet ugefaangen an et huet sech zu Konscht entwéckelt. Sie ass haaptsächlech Autodidakt an huet souwuel a Lëtzebuerg wéi och am Ausland un Workshops deel geholl.

D’Yvette Rischette ass Member beim „Lëtzebuerger Artisten Center“(LAC) an och beim „ARC Kënschtlerkrees“, 2016 huet si zu Esch den 1. Präis fir Molerei gewonnen (Salon international d’Art contemporain).

Hier Konscht erméiglecht Vernetzung vun Déieren a Mënschen. D’Biller vum Yvette Rischette hunn angeneem Faarwe déi voller Poesie sinn a wou ee senger Phantasie fräie Laf loosse kann. Kommt mat a loosst Iech an déi kreativ Welt vum Yvette Rischette matzéie wou Där mat Hëllef vun hirer Konscht an Ärer Phantasie eventuell Är Geschichten erziele kënnt. Mme Rischette wäert deen Dag selwer bei der Visitt dobäi sinn.

Venez visiter l’exposition d’Yvette Rischette et laissez-vous emporter par sa créativité, laissez place à votre imagination et créez votre histoire.

 Auerzäit/heure: 10h bis 11h

Rendez-vous: Schëfflenger Konschthaus

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.