Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Randocroquis – Äischen


29.07.2023 / 10:00 - 14:00

5€ – 25€

An Zesummenaarbecht mat der Asivema asbl an dem Syndicat d’Initiative Eischen organiséieren mir eng Randocroquis zu Eischen fir Erwuessener a fir Kanner ab 8 Joer. Heibäi sammelt dir wärend enger klenger Wanderung Andréck vun der Natur an der Landschaft an haalt des mëttels Skizzen fest. Begleet gitt dir vun der Mme Veronika Lobanova an d’Kanner vum Här Ingo Schandeler. Duerno ass e gemeinsame Picknick geplangt.

W.e.g. matbréngen:
Bloc/Heft mat Aquarellpabeier, Bläistëft 2B, waasserfest Stëfter, Aquarellfaarwen a Pinselen, 1 Fläsch Waasser, Becher, Pabeier, Picknick, eng Setzënnerlag oder e Klappstull a Wanderschong.
fir d’Kanner: Bloc A4, Klemmbriet, Wuessfaarwen, 1 Fläsch Waasser, Picknick an eng Setzënnerlag.

Fir äre Picknick kennt dir gären Gegrills matbréngen, wat iech dann op der Platz vum SI Eischen gegrillt gëtt.

Auerzäit: 10h00-14h00
Präis: 25€/Erwuessenen, 5€/Kand (ab 8 Joer), w.e.g. iwwerweisen op de Konto vun der Asivema: BCEELULL LU08 0019 5655 7725 7000
Rdv/Départ: Primärschoul «Fir Wëller» zu Äischen
Thema: Landschaft
Umeldung bei der Mme Everard Germaine: geev@pt.lu – 621 276 344 bis spéitstens den 21.07.23

Veranstaltungsort

Um Denn
8465 Eischen
Luxemburg Google Karte anzeigen

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.