Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Poppe-Bitzcours


17.07.2023 - 19.07.2023 / 09:00 - 15:30

170€

Den ale Brauch Poppen ze bitzen däerf net a Vergiessenheet geroden, dofir ass dëse Poppen-Bitzcours déi beschte Méiglechkeet anere Mënschen eppes bäizebrénge wat engem um Häerze leit.  Mat Gedold an e bëssi Courage däerft Där eng wonnerschéi Popp aus Stoff hierstelle fir ze verschenken oder fir Iech selwer.  Et ass ee schéint Gefill wenn eng Pëppchen an ären Hänn zum Liewen erwächt.  Där gitt an dësem Cours vun 2 Deeg  bei all dëse Schrëtt begleet, och wann Där Ufänger sidd.

Alles vu Material wat gebraucht gëtt steet Iech zur Verfügung.

Wéini/quand: Méindes, de 17. Juli a Mëttwochs den 19 . Juli

Auerzäit/heure: 09h00-15h30 (fir an der Mëttespaus, könnt dir iech ee klengen Picknick matbréngen)

RDV: Club Haus

Sprooch: Lëtzebuergesch, däitsch

Umeldung: 26540492 oder info@beimkiosk.lu

Iwwerweisen: „Poppen “

 

 

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.