Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Naturerliefnispark zu Dikrech a Visitt vum Autosmusée


28.08 / 8:50 - 16:00

60€

Den Naturerliefnispark vun Dikrech erméiglecht eis e flotten Tour ze maachen. E Parcours mat Informatiounstafelen gëtt eis mei Infoen iwwert Flora a Fauna vun dësem Naturschutzgebitt. Ënnerwee wäerte mer schottesch Kéi begéinen an natierlech och Wahrzeechen vu Dikrech: Ieselen. Zu Mëtteg gi mer eis „Beim Louis“ stäerken. Um Menü steet: Fritten-Ham an Zalot, Äppeltaart mat Vanilleglace. Nom Mëttegiessen, gi mer zesummen an den historeschen Autosmusée wou mer vun engem Guide interessant Saachen erzielt kréien. Mir kréien de Verlaf vum Opbau vum Auto erkläert wou an de verschidden Epoche geschitt sinn an natierlech och Technologië wou sech geännert hunn. Loosst Iech dat net entgoen a kommt mat.

En visite au parc naturel de Diekirch vous aurez la chance de découvrir cette réserve naturelle à travers des panneaux explicatifs. Le déjeuner sera servi au restaurant « Beim Louis ». L’après-midi on visitera le musée historique de l’automobile.

Wann/quand: Mëttwochs/mercredi 28.08.2024

Rendez-vous: 8h50 Beim Kiosk  – 8h55 Hall Polyvalent

Sot eis bei der Ummeldung, wou Där eraklammt

Sprooch/langue: Lëtzebuergesch

Präis/prix: 60 Euro (Transport, Metteniessen, Visite guidée Musée)

Iwwerweisen: „Dikrech“

Umeldung/inscription: Tel.: 26540492 oder info@beimkiosk.lu

https://cnvh.lu/

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.