Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Marche gourmande


27.06 / 10:00 - 16:00

55€

Mir organiséieren dëst Joer eng Marche gourmande mat regionale Produkter fir d’Frënn vum Club Haus Bien Sûr(e). D’Gemengenhaus zu Rouspert ass de Start wou d‘Wanderer en Aperitif an en Amuse-bouche zerwéiert kréien. Ënnerwee gëtt et eng Zopp, eng Entrée, e Sorbet, en Haaptmenü, een Dessert an de Kaffi mat senge Gesellen. Op all Statioun gëtt och e gudde Patt Lëtzebuerger Wäin oder en anert Gedrénks aus der Géigend zerwéiert. Op schéine Plaze kann ee sech e bësschen ausroue fir déi nächst Etapp unzegoen. No der schéiner Wanderung mat guddem Iesse maache mir eis, mat enger gudder Erënnerung un déi formidabel Landschaft, op den Heemwee. Well d’Plaze begrenzt sinn, sollen Interessenten sech wegl. bis spéitstens
30. Mee umellen!

Mir bieden Iech, iech telefonesch oder per mail unzemellen an Är Participatioun
z’iwwerweisen op de Konto BIL LU46 0022 0000 0066 7509 Club Haus Bien
Sûr(e) mam Vermierk “ Marche gourmande ”.

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.