Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Kënstlich Intelligenz Infoowend mat Workshop


16.05 / 19:00 - 21:00

Kostenlos

Kënschtlich Intelligenzen (A.I.) spille scho säit ville Joren eng wichteg
Roll an eisem Alldag, sief et fi r d’Ausliwwere vu Päck ze plangen,
Spam z’erkennen, oder Recommandatioune beim Online-Shopping
ze kréien.

Säit kuerzem sinn déi Technologien awer och der breeder Mass
zougänglech, sou datt jiddereen d’Muecht vun enger A.I. benotze
kann.

Dëst bitt en enormt Potential, well der Kreativitéit vun der gesamter
Mënschheet keng Grenze gesat sinn – mee natierlech bitt et och
Risiken.

Dësen Infoowend / Workshop bitt eng fundéiert Aféierung an
d’kënschtlech Intelligenzen an hir vilfälteg Uwendungen an eisem
Alldag, souwéi den Impakt op eis Gesellschaft.

Ausserdeem gëtt am Workshop gewisen, wéi eng A.I.
eigentlech funktionéiert, souwuel vum technesche
wéi och vum prakteschen Aspekt.

W.e.g Matbréngen: Tablet oder Smartphone

Veranstaltungsort

63, Haaptstrooss
9376 Hoscheid
Luxemburg Google Karte anzeigen

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.