Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Kabaret Sténkdéier


20.11.2022 / 18:00 - 20:00

€19

Also elo emol ganz éierlech, kann ee bei all deene Katastrophen nach Kabaret maachen? D’Welt geet virun eisen Aen d’ Baach an, an eis bleift de Mond opstoen: d’Klima hëtzt sech op, Corona setzt nach een drop, an der Ukrain gëtt geschoss, Bensinn a Mazout ginn alt méi deier an eng Wunneng ka geschwë keen sech méi leeschten. D’Regierung huet just nach d’Superwaljoer 23 am A an Italien ass net op der Weltmeeschterschaft.
An do wëlls de Kabaret maachen? Däerf een hautdesdaags iwwerhaapt nach Witzer rappen? An nach vill méi wichteg, däerf een iwwerhaapt nach iwwer déi Witzer laachen?
De Kabaret Sténkdéier beäntwert déi Froe mat engem klore Jo, well den Humor déi bescht a wierksaamst Medezin an dësen Zäiten ass a bleift. (©Text Cube521)

Mellt Iech un, d’Plazen sinn wéi ëmmer begrenzt.

Veranstaltungsort

1-3 Driicht
9764 Marnach
Luxemburg Google Karte anzeigen

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.