Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Informatiounsowend mat den Seniorensécherheetsberoder


02.10.2023 / 17:00

Kostenlos

Tricken un der Hausdier, Trickdéifstall, Bettelei….

Fir an är Wunneng ze kommen, täuscht den Déif dacks eng offiziell Tätegkeet oder en Noutfall fir. Zum Beispill freet hien e Glas Waasser (ech si krank, ech muss eng Pell huelen),
hien wëll eng Notiz fir en Noper hannerloossen, deen hien net untreffe konnt, oder hien freet fir op d‘Toilette ze goen.
Den Déif gëtt sech och dacks als Handwierker oder als Mataarbechter vum Gas- oder Waasserwierk aus.
Iwwerzeegt Iech, wien an Äert Haus wëll eran kommen a frot nom Déngschtausweis. Awer onéierlech Leit probéieren net nëmmen fir Suen un der Dier ze kréien, mee och oft op der Strooss oder souguer iwwer Telefon.
An dësem Virtrag kritt Dir wäertvoll Tipps an nëtzlech Verhalensreegelen, wéi Dir Iech besser schütze kënnt.

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.