
Helzen an d’Helzerklaus


23.03 / 11:30 - 17:00
35€An dem klengen éislecker Duerf Helzen, mat senge schéinen alen Haiser, besiche mir d’Kierch mat engem goteschen Altorbild aus dem 15. Joerhonnert. Dëst hëlze Konschtwierk mat méi wéi 120 Figure weist Szenen aus dem Liewen a vum Leide vu Christus. Et gëllt als ee vun de schéinste Konschtschätz zu Lëtzebuerg.
An engem ugrenzende Bësch steet d’Helzerklaus.
D’Helzer Klaus war e Wallfahrtsuert, wou fréier de wonnerschéine goteschen Altor stoung. Nëmmen eng Gipskopie ass haut nach hei ze gesinn. D’Original konnte mir zu Helze bewonneren.
Eng Legend seet, datt dësen Altor eigentlech fir eng Kierch an der Belsch geduecht war. Beim Transport hunn d’Ochse bei der Kapell gestoppt fir hiren Duuscht ze läschen. Wéi de Konvoi awer weider fuere sollt, huet sech erausgestallt, datt d’Déiere wéi um Buedem festgepecht hunn a sech net méi konnte beweegen. Dëst gouf als Zeechen interpretéiert, datt den Altor an dëser Kapell géif gehéieren.
Bei dëser Kapell fänkt och e Fousswee duerch de Bësch un, wou mir nach bei guddem Wieder e klengen Trëppeltour kënne maachen.
11:30 Auer: Rv virun der Kierch zu Helzen
12:30 Auer: Mëttegiessen am Restaurant Lamy
géint 14:00 Auer: Visitt vun der Helzerklaus