Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Generatiounen-Rallye mam SICONA


03.10.2023 / 14:00 - 16:30

Kostenlos

An Zesummenaarbecht mat de Guiden vum SICONA bidden mir e Rallye un.
Hei kréien d‘Bomi an de Bopi Geleeënheet fir zesummen mat hiren Enkelkanner e flotte Tour duerch de Bësch ze maachen. Bei deenen verschiddenen klengen Etappen ameséiere si sech an der Natur a léieren bei Spill a Spaass de Bësch mol anescht kennen.
Fir deen flotten Moment net ze vergiessen, gëtt och eppes Klenges gebastelt fir mat Heem ze huelen.

Alter vun de Kanner : 5 – 10 Joer (+Begleetpersoun)
Dir braucht: gutt Laun, dem Wierder ugepasste Kleedung, fest Schong, e klenge Rucksak mat Waasser an evt. e Stéck Uebst fir de klengen Honger.

RDV: Grillplatz «Grousse Bësch», beim Fitnessparcours am Bësch tëschent der Kräizerbuch an der Gäichel.

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.