Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Entdeckungsrees am Bësch fir Grouss & Kleng


13.07 / 14:00 - 17:00

€20

Fir d’éischt fuere mir mam Planwagen an de Bësch.

D’Geschicht vum Kaweechelchen Tony fänkt un am Bësch wou ët de Kanner op eng ganz einfach Aart a Weis erkläert, wat an engem Joer am Bësch geschitt.

Op emol mierkt ët, dass de Wanter ëmmer méi no kënnt an hat sech gläich op d’Sich no Fudder maache muss…

Mir gi selwer zu Kaweechelcher an sichen am Bësch no Schätz fir de Wanter.

Mat eise gesammelte Schätz maachen mir da flott Baamgesiichter. Herno hu mir eis eng Paus verdingt mat Waasser, Kaffi oder souguer enger Glace.

Zum Schluss gi mir zesumme duerch den Barfußpfad an fuere mam Planwagen zréck.

Veranstaltungsort


Consthum
Luxemburg Google Karte anzeigen

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.