Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Dinant: Visitt vun den Zitadellen


26.04

88€

Dinant an seng mächteg Zitadell uewen um Bierg, ass op alle Fall een Highlight vun dësem Stiedchen an de belsche Ardennen, dat den Titel vun “Fotogenster Staat” an den Ardennen huet. Zitadell vun Dinant änelt enger gewalteger Festung a leit un der Maas. Bild vun Dinant ass enk mat der Geschicht vun der 200jähreger Zitadelle verbonnen.

Mir wäerten dës Zitadelle besiche goen, a wärend enger geféierter Visitt gi mer flott a spannend Detailer a Geschichte gewuer. De Bus bréngt eis bis op Zitadell erop, esou dass mer déi 408 Trape bis dohinner net ze goe brauchen

,,Machen Sie sich auf zum Angriff auf die Zitadelle von Dinant und reisen Sie neun Jahrhunderte in der Geschichte zurück! Dorthin gelangen Sie mit der Seilbahn zu Fuß. Wenn Sie dann endlich auf dem Gipfel angekommen sind, werden Sie mit dem spektakulären Panoramablick über die Maas und eines der schönsten Täler Belgiens belohnt!“

https://de.ardenneincoming.be/gruppen/zitadelle-von-dinant.html

No der Visitt gëtt sech am klenge Restaurant an der Zitadell selwer gestäerkt. Wat steet um Menü?

Apéritif vin blanc cassis, Jambon d’Ardenne, Rôti de porc sauce crème champignons, dessert du jour (café, eau et vins compris)

Nodeems mir eis gestäerkt hu maache mer eis mat enger Gondel erof op Dinant selwer. Do wäerte mer  eng kleng Croisière vun ongeféier 45 Minutten iwwert Maas maachen. Eisen Tour féiert eis hei laanscht Charles de Gaulle Bréck, déi mat hiren Saxophon Statuen drun erënnert, dass den Erfanner vum Saxophon vun Dinant kënnt.

Dono hu mer nach e bësse Fräizäit fir Dinant selwer ze entdecken éier mer da fir 16h30 zeréck fueren.

La citadelle c’est l’endroit phare de Dinant. En plus de la visite guidée le matin  on fera l’après-midi l’après-midi une petite croisière sur la Meuse. Un déjeuner vous sera servi dans une salle au sein de la citadelle. Venez découvrir Dinant avec nous!

Dësen Ausfluch ass zesummen mat eisen Kolleegen vum Club Haus Eist Heem vu Bierchem.

Wann/quand: Freides, vendredi   26.04.2024

RDV: 07h20h Club Haus / 07h25 Parking Hall Polyvalent (rue Denis Netgen)

7h40 Berchem

Präis/prix: 88€ (Transport mam Bus, Visitt Zitadellen, Mëttegiessen, Croisière)

Sprooch/langue: daitsch/ allemand

Umeldung/inscription: 26540492 oder info@beimkiosk.lu

Iwwerweisen/virement: „Dinant“

 

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.