Cet évènement est passé
Interaktiven Infoowend : Pensionéierung – An dann?
20.02 / 18:00
gratisD’Pensioun gëtt dacks sehnlechst erwaart an ass awer heiansdo mat e bëssen Onsécherheet verbonnen. Am Mëttelpunkt stinn d’Froen: Wéi wëll ech liewen? Wat wëll ech nach maachen? Wat ass meng finanziell, wunnlech, sozial a privat Situatioun?
Am interaktive Virtrag vum Heng Feit, fräiwëllegen an ausgebilte Pensiounscoach vum GERO – Kompetenzzenter fir den Alter, léiert Dir wéi Dir Iech op d’Pensioun virbereet an se
ofwiesslungsräich an aktiv gestalte kennt.
De Pensiounscoach schwätzt iwwer seng eegen Erfarungen, vermëttelt konkret Informatiounen a weist nei Perspektiven, wéi Dir mat all Ärem Potenzial a Ressourcen Är nei Roll fanne kënnt.
mam / avec Heng Feit