Guidéiert Visitt: Archäologesche Site Tëtelbierg
07.10 / 14:30 - 15:30
5€Besicht mat eis dëse bedeitende keltesche Site aus dem 1. Joerhonnert v. Christus. Dësen Oppidum ass ëmgi vun engem 3 km laange Wall a war den Haaptsëtz vum Stamm vun den Trevirer.
Spéider war den Tëtelbierg bis zum 5. Joerhonnert no Christus vun den Galloréimer besidelt.
Bei enger geféierter Besichtigung mat engem Member vun de Geschichtsfrënn Péiteng gi mir all Detailer iwwert dee Site gewuer.
Dës Féierung ass op Lëtzebuergesch an dauert ca. 2 Stonnen.
Den Treffpunkt deele mir Iech kuerzfristig mat.
Dës Visite ass net gëeegent fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit.
Datum : Méindes 07.10.2024
Auerzäit : 14h30
Präis : 5€
Sprooch : Lëtzebuergesch
Uert : Club Haus Am Brill, 51, Rte d’Arlon L-8310 Capellen
Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu
Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill
BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit