Fotopräsentatioun: Der Natur op der Spuer – mam Marc Steichen
29.11 / 19:00 - 20:00
15€De Marc Steichen ass leidenschaftlechen Naturfotograf.
Mat sengem Fotoapparat geet hie säit iwwer 20 Joer op Pirsch fir fräiliewend Déieren ze fotograféieren.
An dëser Fotopräsentatioun weist hien seng beschte Fotoen aus de leschte Joren. Entdeckt d’Fauna an d’Flora aus de Bëscher a Felder ronderëm eis, an erlieft ganz flott a selte Momenter aus dem diskreete Liewe vun de wëllen Déieren. Kommt mat op d’Sich vun Hirsch, Réi, Fuuss, Dachs, Steekauz an Uhu a léiert wéi se an hirem Element an der Natur liewen.
No der Fotoprojektioun hutt Dir dann och nach d’Geleeënheet Är Froen ze stellen. De Fotograf erkläert Iech gären d’Technik wéi d’Fotoen entstane sinn an erzielt d’Geschicht vun de Fotoen.
Datum : Freideg 29.11.2024
Auerzäit : 19h00 – 20h00
Präis : 15€
Sprooch : Lëtzebuergesch
Uert : Club Haus Am Brill, 51, Rte d’Arlon L-8310 Capellen
Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu
Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill
BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit