Owes net aleng an de Restaurant – exklusiv fir Dammen
13.09.2023 / 19:00
Där hätt Loscht owes iessen ze goen? Eleng traut Där Iech awer net esou richteg? Et ass och net sou flott eleng wéi a geselleger Ronn. Dofir hu mär fir Iech 1 Mol de Mount e Restaurant ausgewielt, fir zesummen e puer schéi Stonnen ze verbréngen.
Mär treffen eis meeschtens am Restaurant, iessen à la carte. De Grupp ass op 14 Leit begrenzt. Et gëtt direkt op der Plaz bezuelt: Är Umeldung ass awer verbindlech aus Respekt virum Restaurant.
De RV ass ëmmer am Restaurant um 19 Auer.
Mëttwochs, den 13. September: Restaurant Club 5 zu Esch/Alzette
Mëttwochs, den 11. Oktober: Restaurant Brasserie K116 zu Esch/Alzette
Mëttwochs, den 15. November: Restaurant Petruzzelli zu Schëffléng
Mëttwochs, den 13. Dezember: Restaurant Buggi zu Schëffléng
Umelle w.e.g. – Bezuelt gëtt hei individuell op der Plaz.
Passer la soirée au restaurant, mais pas seule…exclusivement pour les dames
Vous avez envie de passer de bons moments dans un restaurant ? Mais y aller toute seule ne vous convient pas ? Nous vous proposons d’y aller en petit groupe (14 personnes max) 1 fois par mois le mercredi soir. Nous nous donnons RV au restaurant, mangeons à la carte, chacune paie sur place.