Trëppeltour: de Planéitewee
18.04 / 14:00 - 17:00
20€De Planéite Wee, wou um Schëfflenger Bierg ufänkt, ass e kuerze flotte Wee. Iwwert dem trëppele fënnt ee Schëlder mat Informatiounen iwwert de Sonnesysteme an vun de verschiddene Planéiten. Fir dës Informatiounen ze ergänzen, hu mär den Här Serge Thomas, dee mat eis geet an sech an deem Beräich auskënnt a wou mär villes méi gewuer ginn. De Wee geet duerch dat fréiert „Minièrsgebiet“wou och de Lallenger-Bierg genannt gëtt. Et geet een duerch en Natur Schutz Gebitt, wou een d’ Rou vun der Natur genéisse kann. De Wee ass ongeféier 4 km laang. No dësem informatiounsräichen Tour gi mär all zesumme an den Restaurant Petruzelli zu Schëffleng iessen. Do kréie mer als Menü:
Orecciette alla salsiccia italiana Oder/ou Ragoût de Porc crème champignons Oder/ou Fusilli saumon sauce rose an Dessert maison
Le sentier des planètes est un chemin qui est court et assez sympa, car pendant la marche on retrouve des panneaux avec des petites explications sur les planètes et le système solaire. Pour compléter les informations, on est accompagné par Monsieur Serge Thomas qui s’y connaît dans ce domaine. On passera par la zone protégée ou on pourra apprécier le silence de la nature. Après cette marche, on ira manger tous ensemble au restaurant « Petruzelli ».
Wann/quand: Donneschdes/jeudi 18.04.2024
Auerzäit/heure: 9h30 Treffpunkt um Parking Stadium Jean Jacoby/ rv Parking stade Jean Jacoby
Sprooch/ langue: lëtzebuergesch
Präis/prix: 20€ (Menü ouni Gedrenks)
Iwwerweisen/virment: „Planéitewee“
Maximum 25 Léit
Umellung/inscription: 26540492 oder info@beimkiosk.lu
Wichteg/important: Wanderschong/chaussure de marche, Wiederentspriechend Kleedung, vêtements adaptées à la météo, Waasser/ de l’eau