Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Konferenz: De Mënscherechtswee an der Stad Lëtzebuerg – mam Nicole Brix


14.10 / 18:00 - 19:30

15€

D‘Geschicht a Geschichte vu Lëtzebuerg nei entdecken!

De Mënscherechtswee ass keng klassesch Besichtegungstour vu Sehenswürdegkeeten an der Stad, mee leet de Schwéierpunkt op Uerter, déi entweeder Zeie vu Mënscherechtsverletzunge sinn oder awer symbolesch fir hir  Duerchsetzung an Anhalung stinn.

Am Mëttelpunkt vun der virtueller Präsentatioun vun dësem Wee steet d‘Entwécklung vum lëtzebuerger Vollek zu enger offener, demokratescher a multikultureller Gesellschaft, där hir Wäerter hir fest Wuerzelen an der UN-Mënscherechtserklärung hunn. Gläichzäiteg soll däitlech gemaach ginn, dass d‘Gesellschaft duerch Aflëss vu bannen a baussen engem stännege Wandel ënnerworf an doduerch fragil a gefäerdet ass.

Bei dësem Wee geet et drëms ze weisen, dass Demokratie a Respekt vun de Mënscherechter och a moderne Staate keng Selbstverständlechkeet sinn an et wichteg ass, negativ Tendenze scho fréi ze erkennen an ze bekämpfen, éier si d‘Gesellschaft eeschthaft a Gefor bréngen.

 

Datum :  Méindeg  14.10.2024

Auerzäit :  18h00 – 19h30

Präis :  15€

Sprooch :  Lëtzebuergesch

Uert : Club Haus Am Brill, 51, Rte d’Arlon  L-8310 Capellen

Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu

Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill

BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit

 

 

 

Veranstaltungsort

51, Route d’Arlon
L-8310 Capellen
Luxemburg Google Karte anzeigen
Telefon:
+352 30 00 01

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.