Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Fotopräsentatioun: Der Natur op der Spuer – mam Marc Steichen


29.11 / 19:00 - 20:00

15€

De Marc Steichen ass leidenschaftlechen Naturfotograf.

Mat sengem Fotoapparat geet hie säit iwwer 20 Joer op Pirsch fir fräiliewend Déieren ze fotograféieren.

An dëser Fotopräsentatioun weist hien seng beschte Fotoen aus de leschte Joren. Entdeckt d’Fauna an d’Flora aus de Bëscher a Felder ronderëm eis, an erlieft ganz flott a selte Momenter aus dem diskreete Liewe vun de wëllen Déieren. Kommt mat op d’Sich vun Hirsch, Réi, Fuuss, Dachs, Steekauz an Uhu a léiert wéi se an hirem Element an der Natur liewen.

No der Fotoprojektioun hutt Dir dann och nach d’Geleeënheet Är Froen ze stellen. De Fotograf erkläert Iech gären d’Technik wéi d’Fotoen entstane sinn an erzielt d’Geschicht vun de Fotoen.

 

Datum :  Freideg 29.11.2024

Auerzäit :  19h00 – 20h00

Präis :  15€

Sprooch :  Lëtzebuergesch

Uert : Club Haus Am Brill, 51, Rte d’Arlon  L-8310 Capellen

Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu

Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill

BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit

Veranstaltungsort

51, Route d’Arlon
L-8310 Capellen
Luxemburg Google Karte anzeigen
Telefon:
+352 30 00 01

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.