Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Är Club-Haus Bibliothéik


Wëllkomm an eiser Bibliothéik. Där sidd frou mat Bicher? Där liest gär? Da sidd Där hei genau richteg. Iwwer 4000 interessant Bicher vun all Genre, sief et eng Komedie, Thriller, Psychothriller oder romantesch Geschichten, fannt Där an eiser Bibliothéik, déi Där ouni Problemer ausléine kënnt.

Där sidd op der Sich no engem spezielle Buch? Oder Där braucht Inspiratioun? Och do kritt Där Hëllef vun eisen Benevollen, déi d‘ Club Haus Bibliothéik mat vill Engagement a Léift leeden.

Club-Haus Bibliothéik ass fir JIDDEREEN zougänglech, fir all Alterskategorie, an och fir Leit déi keng Memberskaart hunn.

Fir eis frankophone Clienten huet Bibliothéik och eng ganz Rei vu franséische Bicher.

All Dënschdes steet ee Bicher-Dësch an eiser Kaffistuff, wou e puer flott an interessant Bicher presentéiert ginn, déi fir 1€ / Buch zum Verkaf stinn.

Mär freeën eis op Äre Besuch a wënschen Iech vill Freed beim Liesen.

 „Gute Bücher enden nicht mit der letzten Seite, sie begleiten dich ein Leben lang“

 

Dënschdes / mardi:

RDV: Club Haus

14h30-16h30

 

Veranstaltungsort

11-15, rue CM Spoo
3876 Schifflange
Google Karte anzeigen
Telefon:
26540492

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.