Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

A Robbesscheier zu Munzen (L)


16.10 / 8:40 - 17:00

80€

Där hutt Loscht en Dag emol anescht ze verbréngen? Mär schloen Iech vir, en Dag zesummen an d’Eisléck ze fueren an d‘Robbesscheier ze besichtegen. An der Robbesscheier hu mär verschidden Ateliere wou mär eis austobe kënnen. Op et wiewe vu Woll ass, mat Holz schaffen, mat der Päerdskutsch fueren oder am Gaart schaffen, et ass fir jiddereen eppes dobäi. Dës Aktivitéite sinn iwwert de ganzen Dag verdeelt. Zu Mëtteg hu mär d‘Geleeënheet an hirem Restaurant z‘iessen. Do kréie mär eng Bouchée à la reine an e Mille-feuille mat Geméis mat enger Joghurtszooss a Kraider proposéiert, als Dessert gëtt et eng Dame blanche mat Schockela oder roude Friichtecoulis.

Dësen Ausfluch ass och fir Léit méiglech déi e Rollator brauchen.

Vous êtes tentés de passer une journée un peu différemment, alors venez avec nous à Munshausen au nord du Luxembourg. Plusieurs ateliers artisanaux comme le tissage de laine ou encore un tour en calèche sont proposés au centre de nature Robbesscheier. A midi, nous aurons la possibilité de déguster une bouchée à la reine traditionnelle ou un mille-feuille aux légumes sauce yaourt et herbes, et comme dessert vous aurez le choix entre une dame blanche au coulis de chocolat ou coulis aux fruits rouges.

Mär fuere géint 16h vu Munshausen fort.

Wann/quand: Mëttwochs/ mercredi   16.10.2024

Rendez-vous: Kiosk : 8h40     HP : 8h45

Präis/prix: 80€ (Transport, Mëttegiessen, Atelier)

Sprooch/langue: Lëtzebuergesch

Umeldung/inscription: Tel.: 26540492 oder info@beimkiosk.lu à bis spéitsten den 18.7.24 (Umeldung a Bezuelen)

Matbréngen/ à ramener :

Wiederentspriechend a bequeem Kleedung/ vêtements confortables et adaptés à la météo, Waasser/ de l‘eau

https://www.robbesscheier.lu/de

 

Veranstaltungsort



Luxemburg Google Karte anzeigen

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.