Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Life Kinetik : Gehiertraining duerch Beweegung – mam Carole Becker


Déi bescht Mëttele fir eist Gehier fit ze halen, si Beweegung an nei Erausfuerderungen. Life Kinetik ass eng Trainingsform, déi ongewéinlech Beweegungen, Koordinatioun, Wahrnehmung a kognitiv Aufgabe matenee verbënnt. D’Gehier gëtt duerch déi ofwiesslungsräich Übunge permanent mat neien Erausfuerderunge konfrontéiert. Esou mussen nei Léisungsweeër gesicht ginn, wat dozou féiert, dass nei Verbindungen tëscht de Gehierzellen  entstinn an aler nei organiséiert ginn.

Ënnersichungen hunn erginn, dass e reegelméissege Life Kinetik-Training zu enger Verbesserung vun der kognitiver Leeschtung an zu enger méi grousser Stressresistenz féiert. Donieft maachen d’Übungen och nach Spaass.

Un dësem Training ka jiddereen deelhuelen, esouwuel déi méi, wéi och déi manner sportlech Leit.

Carole Becker, Life Kinetik Trainerin a Gesondheetspädagogin

Kee Cours wärend de lëtzebuergesche Schoulvakanzen.

 

Datum :  Dënschdeg 01.10. –  03.12.2024

Auerzäit :  16h00 – 17h00

Präis :  135€ fir 9x

Sprooch :  Lëtzebuergesch

Uert :  Centre culturel Capellen, 51, Rte d’Arlon  L-8310 Capellen

Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu

Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill

BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit

 

Veranstaltungsort

51, Rte d'Arlon
8310 Capellen
Luxemburg Google Karte anzeigen

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.