Thematesch Visitt an der Villa Vauban : D’Konscht vun de Pigmenter
27.11.2025 / 15:00 - 16:00
15€Smalt, Knacheschwaarz oder Lapuslazuli – dat sinn nëmmen e puer vun de Pigmenter, déi säit Joerhonnerten fir d’Hierstellung vu Faarwe gebraucht ginn.
Wärend dëser Visitt kënnt Dir antauchen an d’Welt vun de Pigmenter.
Ugefaang mat der hollännescher Molerei aus dem 17. Joerhonnert, wäert Dir méi iwwert den Ursprong an d’Uwendung vu Pigmenter gewuer ginn. Et wäerten e puer Besispiller gewise ginn (z. Bsp. Mineralien) an Dir wäert erroden dierfen, wéi ee Faarftoun aus wéi engem Objet staamt. Loosst Iech net ierféieren.
De Rondgang gëtt fortgesat mat der franséischer Konscht ëm 1850, wou et gëlt, Äre Bléck ze schäerfen an onerwaarten a faszinéiert Saachen ze entdecken.
Datum : Donneschdeg 27.11.2025
Auerzäit : 15h00 – 16h00
Präis : 15€
Sprooch : Lëtzebuergesch
Uert : Villa Vauban
Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu
Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill
BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit
Register for the event
You can also register for this event by calling or writting an email to the organizer.