Metzeschmelz-Visite vum Site
26.02 / 14:00 - 16:00
D’Metzeschmelz ass den ale Schmelz- a Fabrikssite
tëscht Esch-Uelzecht an Schëffleng deen eng wichteg
Roll an der industrieller Geschicht vu Lëtzebuerg gespillt
huet. Do stoung fréier d’Schmelz déi zu den
Héichzäiten
vun der Minett-Industrie aktiv war.
No der Zoumaachung vun de Schmelzen ass den Areal
laang Zäit net méi industriell benotzt ginn. Haut gëtt en
ëmgestalt an nei genotzt:
• Et ass en Erënnerungs- a Kultur-Site, wou d’Spuere
vun der Industriezäit deelweis erhale bleiwen.
• Et gëtt Plaz fir kulturell a festlech Manifestatiounen.
• Den Areal ass och Deel vun der grousser Entwécklung
vum Süd-Land (Minett UNESCO Biosphär, Esch2022
Kulturjoer, nei Quartieren an Infrastruktur).
Kuerz gesot: d’Metzeschmelz steet fir d’Verbindung
tëschent der industrieller Vergaangenheet an enger
neier Zukunft mat Kultur, Liewen a Gemeinschaft.
Kommt mat, an entdeckt bei enger Visite guidée, an Zesummenaarbecht
mat der AGORA, wat an Zukunft op
dem Site entstoen wäert: vum neien Wunnquartier, iwert
Bildungsofferen bis hinn zu gréngen Infrastrukturen.
Fir un dëser Visite deel huelen ze kënnen, musst der gutt
Schung undoen an och gutt ze Fouss sinn, well et sinn 2
km ze treppelen an et dauert ongeféier 2 Stonnen.
Wéini/quand:
Donneschdes/jeudi
Datum/date: 26.02.2026
Auerzäit/heure: 14h00-16h00
RDV: Musée de la Sidérurgie « de Schmelzaarbechter » (Parken kann een um Parking Aloyse Meyer zu Esch/Lalleng)
Präis: gratis
Sprooch/langue : letzebuergesch
Umeldung: 26540492 oder info@beimkiosk.lu
Register for the event
You can also register for this event by calling or writting an email to the organizer.
Se dés-inscrire de l'événement.