Chargement Évènements

« Tous les Évènements

Cet évènement est passé

Literareschen Sonnden mat Lëtzebuerger AutorInnen


04.07.2021 / 18:00 - 21:00

Gratuit

Erzieler an Erzielen – kleng a grouss Geschicht(en).
E ganzt Joerhonnert erzielt de Jemp Schuster a senge Romaner Bluttsëffer an Ouereschlëffer a gëtt domat dem Liewen an engem Éisleker Duerf Faarf an Toun.
Spannend ass dat, wat do geschitt, genau wéi dat, wat sech am Joseph Kayser senger Erzielung Gleef net wat d’Fréijoer der versprécht hannert den Diere vun enger privater Bank ofspillt, an där d’Vergaangenheet e laange Schied wërft.
An och dat, wat d’Personnagen am Georges Kieffer sengem Roman Iwwerliewen vu Syrien bis op d’Musel er- an iwwerliewen.
An déi angeblech kleng Geschichte vun all eenzeler Figur spillt dobäi ëmmer erëm d’Weltgeschicht eran.

 

De Cube 521 a Kooperatioun mam Centre national de littérature an der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren. (Quell: cube521.lu)

Lieu

1-3 Driicht
9764 Marnach
Luxemburg + Google Map

Veuillez vous connecter pour vous inscrire à l'événement.