Life Kinetik : Gehiertraining duerch Beweegung – mam Carole Becker
13.01 / 16:00 - 17:00
135€Our next dates
Déi bescht Mëttele fir eist Gehier fit ze halen, si Beweegung an nei Erausfuerderungen. Life Kinetik ass eng Trainingsform, déi ongewéinlech Beweegungen, Koordinatioun, Wahrnehmung a kognitiv Aufgabe matenee verbënnt. D’Gehier gëtt duerch déi ofwiesslungsräich Übunge permanent mat neien Erausfuerderunge konfrontéiert. Esou mussen nei Léisungsweeër gesicht ginn, wat dozou féiert, dass nei Verbindungen tëscht de Gehierzellen entstinn an aler nei organiséiert ginn.
Ënnersichungen hunn erginn, dass e reegelméissege Life Kinetik-Training zu enger Verbesserung vun der kognitiver Leeschtung an zu enger méi grousser Stressresistenz féiert. Donieft maachen d’Übungen och nach Spaass.
Un dësem Training ka jiddereen deelhuelen, esouwuel déi méi, wéi och déi manner sportlech Leit.
Carole Becker, Life Kinetik Trainerin a Gesondheetspädagogin
Kee Cours wärend de lëtzebuergesche Schoulvakanzen.
Datum : Dënschdeg 06.01. – 17.03.2026 exc. 10.02.26
Auerzäit : 16h00 – 17h00
Präis : 135€ fir 9x
Sprooch : Lëtzebuergesch
Uert : Club Haus Am Brill, 7, rue du Millénaire L – 8254 Mamer
Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu
Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill
Foyers Seniors asbl BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit
Register for the event
You can also register for this event by calling or writting an email to the organizer.