Chargement Évènements

« Tous les Évènements

Konferenz : Moukeschläim a Spannebeen DE MYTHOS „HEXEN“: Echt Magie oder Awerglawen? – mam Nicole Brix


14.10 / 18:30 - 20:00

15€

Mat hirer spannender a lieweger Erzielweis bréngt Iech d‘Geschichtsprofessorin Nicole Brix d’Thema vun den Hexen an den Hexeverfolgunge méi no.

Hautdesdaags erliewen Hexen e reegelrechte Boom. All Joer treffen sech d’Unhänger an der Walpurgisnuecht um Brocken am Harz, fir wëll zesummen ze danzen. An eise Géigende sinn d’Hexen haut éischter Figuren, déi een a Märercher an op Halloween- a Fuespartye fënnt. A fréiere Joerhonnerte war et awer en eescht Thema mat uerge Konsequenze fir déi Fraen, deene magesch Kräften nogesot goufen. Besonnesch am Spéitmëttelalter an an der fréier Neizäit sinn et vill Hexeverfolgunge ginn.  Eréischt am Zäitalter vun der Opklärung fannen si, mat der Opklärung an der Reform vun der Rechtspraxis, en Enn.

Mee och haut ginn et weiderhin Hexeverfolgungen an Afrika, Südamerika an a verschiddenen asiatesche Staaten, déi all Joer Dausenden Doudesaffer fuerderen.

 

Datum : Freideg, 14.10.2022

Auerzäit : 18h30 – 20h00

Präis : 15€

Uert : 18h30 – 20h00

Sprooch: Lëtzebuergesch

Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu

Iwwerweist wgl. de Montant , nodeems Dir Är Bestätegung kritt hutt, op de Kont vum Club Haus Am Brill BGL  LU49 0030 3218 9179 0000, mat, als Vermierk, dem Numm vun der Aktivitéit

 

Lieu

51, Route d’Arlon
L-8310 Capellen
Luxemburg Google Map
Téléphone :
+352 30 00 01
Veuillez vous connecter pour vous inscrire à l'événement.