Chargement Évènements

« Tous les Évènements

Cet évènement est passé.

Guidéierten Trëppeltour: De « Circuit Godchaux  » – op de Spuere vun der industrieller Revolutioun


05.05 / 14:30 - 16:30

15€

A Begleedung vun engem Guide entdecke mir op dësem Rondgang d’Iwwerreschter vun der éischter Industrialiséierung vun der Stad Lëtzebuerg. Laang éier eis Stad eng international Finanzplaz ginn ass, war Lëtzebuerg eng Industriestad. An der éischter Halschent vum 19. Joerhonnert hunn sech Handwierksbetriber an de Viruerter vun der Stad a laanscht d’Uelzecht ugesiddelt a sech zu reegelrechte Fabriken entwéckelt, déi vill Leit beschäftegt hunn.

Dëse Rondgang ass no der Famill Godchaux benannt, déi d’Entwécklung vun der Textilindustrie am Uelzechtdall virugedriwwen huet.

Den Tour huet 3km, féiert ënnert anerem duerch de Bësch an et sinn Héichtenënnerscheeder ze bewältegen.

 

Dës Féierung ass op Lëtzebuergesch.

 

Datum : Dënschdeg 05.05.2026

Auerzäit : 14h30 – 16h30

Präis : 15€

Sprooch : Lëtzebuergesch

Uert : Tennis Club Bonnevoie, r. Anatole France

Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: brill@clubhaiser.lu

Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill

Foyers Seniors asbl  BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit

Organisateur

Am Brill
Téléphone :
30 00 01
E-mail :
clubhaus@mamer.lu
Site :
Voir le site Organisateur

Register for the event

You can also register for this event by calling or writting an email to the organizer.

Il n'y a plus de places disponibles pour l'atelier.