Besichtigung vum Luxtram- Visite du Luxtram
11.02
Entdeckt mat eis d’Kulissë vum Luxtram, dem modernen
Tram vun der Stad Lëtzebuerg, deen 2017 ageweit
ginn ass. De Luxtram ass net nëmmen ee wichtegt Mëttel
fir eng méi nohalteg Mobilitéit, mee och e Symbol fir
déi dynamesch Entwécklung vun der Haaptstad.
Bei dëser Visite kritt Dir en exklusive Bléck hannert
d’Kulissen:
• d’Geschicht an d’Entwécklung vum Tram zu Lëtzebuerg,
• d’Funktioun an d’Organisatioun vum Betrib,
• technesch Erklärungen zu Gefier a Streck,
• an natierlech och d’Méiglechkeet, Froen ze stellen.
D’Besichtigung gëtt vun engem Guide vum Luxtram
begleet an erméiglecht Iech, dësen Deel vun der
ëffentlecher Mobilitéit aus enger ganz neier Perspektiv
kennen ze léieren.
E flotte Programm fir all déi, déi méi iwwert modern,
ëmweltfrëndlech Mobilitéit zu Lëtzebuerg wëlle
gewuer ginn! Visite dauert 2 Stonnen.
Le Luxtram, inauguré en 2017, est aujourd’hui un élément
central de la mobilité durable au Luxembourg.
Cette visite a pour but de vous faire découvrir :
• l’histoire et le développement du tramway,
• l’organisation et le fonctionnement de l’exploitation,
• des aspects techniques liés aux véhicules et à l’infrastructure,
• ainsi que les perspectives du réseau.
La visite sera accompagnée par un guide du Luxtram,
qui se tiendra également à votre disposition pour répondre
à vos questions. La visite dure 2 heures.
Wéini/quand:
Mëttwoch/mercredi
Datum/date: 11.02.2026
Auerzäit/heure: 09h00 Départ Gare Schifflange (Quai 2)
RDV: Gare Schifflange
Präis: gratis
Sprooch/langue : letzebuergesch/français/deutsch
Umeldung: 26540492 oder info@beimkiosk.lu
S'enregistrer pour l'événement
Vous pouvez également vous inscrire à cet événement en appelant ou en écrivant un email à l'organisateur.