Chargement Évènements

« Tous les Évènements

Cet évènement est passé

Aquatower a Fromagerie Schmalen


10.02.2023 / 9:30 - 17:00

50€

Moies steet eng flott geféiert Besichtegung vum Aquatower um Programm. Niewent den Erklärungen zum Aquatower gesi mär och hir Ausstellung, an natierlech dierf d’Aussiichtsplattform vu 55 Meter net feelen, wou een eng immens Vue iwwert Berduerf huet.

„Der 55 m hohe Aquatower in Berdorf ermöglicht es Ihnen in die faszinierende Welt des Trinkwassers einzutauchen. Woher kommt unser Trinkwasser? Wieso ist es so kostbar und wie kann man es schützen? Woher haben unsere Vorfahren ihr Trinkwasser bekommen?“

Mëttegiessen am Restaurant „Al Treno“ zu Wecker, duerno geet et weider an d‘Fromagerie Schmalen, och bekannt ënnert dem „Berdorfer Keis“.

D‘Famill Schmalen gëtt eis Erklärungen zur Produktioun vum „Berdorfer Kéis“, an natierlech dierf e Besuch am klengen Buttek net feelen.

L’«Aquatower» Berdorf vous permet de plonger dans le monde fascinant de l’eau potable et ceci à une hauteur de 55 mètres, repas en commun à Wecker, puis une visite dans la fromagerie Schmalen.

RDV:

09h30 beim Club

09h40 beim Hall Polyvalent

Präis: (Visitt Aquatower, Visitt Kéiserei, Bus)

Sprooch: Lëtzebuergesch

Umeldung: 26540492 info@beimkiosk.lu

Iwwerweisen: „Aquatower“

Veuillez vous connecter pour vous inscrire à l'événement.