Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Wat gëtt et Neies am Code de la route? – mam Yann Lemaire


28.02 - 29.02 / 10:00 - 12:00

44€

Et ass schonn eng Zäit hier, dass Dir erfollegräich Äre Fürerschäin gemaacht hutt? Dir begéint heainsdo Schëlder a Verkéierssituatiounen, déi Dir deemools net kennegeléiert hutt?

Wéi an alle Beräicher gëtt et och am Code de la route Neierungen: nei Schëlder, Turbo-Rond-Pointen a verännert Virfaartsregelen, nei Reegelungen zur “Mobilité douce” (Velo, Trottinett…). A wann ee mat engem Gefier ënnerwee ass, gëtt virausgesat, dass een den aktuelle Code de la route kennt.

A Kollaboratioun mat der Farschoul « Auto-école Yann » vu Capellen bidde mir Iech dofir d’Geleeënheet zu enger klenger Opfrëschung an Erweiderung vun Ären theoretesche Kenntnisser vum Code de la route.

 

Datum : Donneschdeg 22.+29.02.2024

Auerzäit : 10h00 – 12h00

Präis : 44€

Sprooch : Lëtzebuergesch

Uert : Club Haus Am Brill, 51, Rte d’Arlon  L-8310 Capellen

Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu

Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill

BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit

Veranstaltungsort

51, Route d’Arlon
L-8310 Capellen
Luxemburg Google Karte anzeigen
Telefon:
+352 30 00 01

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.