Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Wat geschitt mat eisem knaschtege Waasser? Visitt vun der Kläranlag Bleesbréck


12.02.2025 / 14:15 - 15:30

Gratis

Mir produzéieren all Dag Schmotzwaasser an eisem Haushalt, beim Duschen, Spullen, Wäsch maachen… Oft maache mir eis keng Gedanken driwwer wou dat Waasser verschwënnt a fannen et ganz normal dass  eis ëmmr nees proppert Waasser zur Verfügung steet.

Scho laang packt d‘Natur et net méi eleng, eis Verschmotzungen erauszefilteren. Eng grouss Viraarbecht gëtt an de Kläranlage geleescht, éier d‘Waasser duerno nees a Gewässer geleed gëtt.

Bei dëser Visitt kréie mir gewisen an erkläert,  wéi d‘Kläranlag  mat verschiddene Verfaren eenzel Bestanddeeler  aus dem Waasser erausléise kann, wat déi grouss Erausfuerderungen an aktuell Problematike sinn, wat een alles aus dem Ofwaasser un Informatioune kritt a wat mam Klärschlamm, deen  zeréck bleift, geschitt.

Dir braucht keng Angscht ze hu virun onangeneemem Geroch, well  deem wäerte mir op eiser Visitt net begéinen.

 

Datum : Mëttwoch 12.02.2025

Auerzäit : 14h15 -15h30         

Präis : Gratis

Sprooch : Lëtzebuergesch

Uert : Bleesbruck 9359 Bettendorf

Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu

Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill

BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit

 

 

Veranstaltungsort

Bleesbruck
9359 Bettendorf
Google Karte anzeigen

Veranstalter

Am Brill
Telefon:
30 00 01
E-Mail:
clubhaus@mamer.lu
Website:
Veranstalter-Website anzeigen

Sich für die Veranstaltung anmelden

Sie können sich auch für diese Veranstaltung anmelden, indem Sie den Organisator anrufen oder ihm eine E-Mail schreiben.

Anmeldungen sind für diese Veranstaltung geschlossen