Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Voyage: Stroossbuerg eemol anescht erliewen


13.10 / 7:30 - 18:30

395€ – 455€

Op dëser Visitt vu Stroossbuerg begleed eis d’Geschichtsprofessorin Nicole Brix. Si kennt all Ecken vun dëser schéiner Stad a besonnesch och vill Geschicht a Geschichten.

E „Must“ op all Stroossbuergrees ass natierlech en Tour duerch d’Petite France an e Besuch vun der Kathedral, an där et nach e ,puer Geheimnisser ze entdecke gëtt.

Mir besichtegen d’Raimlechkeete vum Palais Rohan, wou d’Nicole eis eng Rei Anekdoten ze erzielen huet, iwwert dat, wat sech an deene prunkvolle Raim a Schlofzëmmeren ofgespillt huet. Am Musée d’Alsace wäerte mir a charmantem Kader gewuer ginn, wéi déi méi einfach Leit tëscht dem XVIIten an XXte Joerhonnert am Elsass  gelieft hunn. Weider Besichtegungspunkte sinn d’‘Eglise St Thomas an d’Ecluse Vauban.

Fir eis ze stäerken wäerte mir déi traditionell elsässesch Kiche genéissen an iwwernuechte wäerte mir am Hotel du Dragon, vun deem aus een an e puer Minutten zu Fouss an der „Petite France“ ass.

Natierlech bleift och nach Zäit fir dass Dir kënnt shoppe goen, eng Bootsfaart kënnt maachen oder nach e weidere Musée kënnt besiche goen. Mir stinn do och zur Verfügung fir déi eng oder aner Visitt ze begleeden.

Am Präis abegraff: Hotel; Transport; Muséeën; 1 Mëtteg- an 1 Owendiessen; Guide

 

Datum : 13.+ 14.10.2023

Auerzäit : 07h30 – +/-18h30

Präis : 395€ – 455€

Sprooch : Lëtzebuergesch (Français)

Uert : Club Haus Am Brill, 51, Rte d’Arlon  L-8310 Capellen

Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu

Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill

BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit

 

Veranstaltungsort

51, Route d’Arlon
L-8310 Capellen
Luxemburg Google Karte anzeigen
Telefon:
+352 30 00 01

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.