Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Visitten am Schëfflenger Konschthaus


11.03 / 12:00 - 13:00

Visitten am Schëfflenger Konschthaus

Säit kuerzem hu mär hei an eiser Gemeng eng wonnerschéi Konschtgalerie kritt. D’Ausstellungen, déi hei stattfannen, sollen ee Bild vun der Lëtzebuerger Konschtscene präsentéieren.

D’Claudia D‘Incà mécht sech eng Freed draus fir eis vum Kënschtler a senge Wierker ze erzielen. Esou huet Där d’Méiglechkeet Iech e Bild vun deene verschidden Techniken, Gedanken an Gefiller vum Moler ze maachen. Fir déi jéinesch  déi selwer un Konscht interesséiert sinn: loosst Iech inspiréieren.

Hei sinn déi verschidden Datumer, wou mär kënnen an d’Welt vun der Konscht andauchen:

Donneschden, den 11. Mäerz (Florence Hoffmann)

Donneschden, den 29. Abrëll ( Patricia Lippert)

D‘Visitt ass gratis, mellt Iech w.e.g. un.

Rendezvous ass um 12.00 virun der Dier vum Schëfflenger Konschthaus, 2, Avenue de la Libération.

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.