Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Visitt vum Peppenger Baueremusée a vun der Ausstellung vum Buchbënner Fons Hirtz


06.05 / 14:00 - 17:00

15€

Op enger guidéierter Visitt duerch de Peppenger Baueremusée féiert eis d’Historikerin Nicole Brix, op hir bekannt erfrëschent Aart a Weis,  zeréck an d’Liewen um Land am 19. Joerhonnert. An dem miwwléierte Bauerenhaus vun 1840  mat Scheier, Ställ an engem frësch ugeluechte Gaart gi mir gewuer, wéi hei gelieft a geschafft ginn ass, an et wäerte mat Sécherheet och e puer Anekdoten aus dem Liewe vum  Bauer a senger Fra um Programm stoen.

Am Präis abegraff ass och den Entrée vum Kutschemusée, deen deen Dag extra fir eis opgespaart gëtt. Hei sinn eng sëllege Päerdskutschen  ausgestallt, dorënner och eng Kutsch déi dem groussherzoglechen Haff gehéiert huet.

Mir verbannen eis Visitt mam Besuch vun enger Ausstellung vun eisem Buchbënner, dem  Fons Hirtz, deen seng Konschtwierker an déi vu senger Schüler zu där Zäit  am Festsall vum Musée ausstellt.

Info: Et gëtt kee Lift am Musée fir op den 1.Stack ze kommen.

Treffpunkt: Parking vum Musée rural, rue Haute L-3391 Peppange

 

Datum : Dënschdeg  06.05.2025

Auerzäit : 14h00 – 17h00

Präis : 15€

Sprooch : Lëtzebuergesch

Uert : Parking vum Musée

Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu

Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill

BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit

 

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.