
Visitt Luxembourg Air Rescue


12.05 / 14:00 - 16:00
gratisProgramm vun der Visite:
• Dauer vun der Visitt: zirka 2 Stonnen op lëtzebuergesch
• Audiovisuell Presentatioun vun der LAR
• Visitt vun engem Rettungshelikopter an engem Ambulanzfliger (je no
Disponibilitéit / Missounen)
• Visitt vun der LAR Alarmzentral & Maintenance, Hangar
Rendez-vous 13h45 um Parking Air Rescue (4, rue de Trèves L-2632 Findel)
D‘Visitt ass gratis mee mat engem Don iwert den site www.flar.lu kënnt dir diverse Projeten vun der Air Rescue ënnerstëtzen.
Bei der Umeldung gidd w.e.g. äre Numm, Virnumm a Gebuertsdatum un sou wéi eng Kopie vun ärer Carte ID recto verso. Och den Dag selwer vun der Visitt muss jiddereen ee gültegen an originalen Ausweis (keng Kopie!) dobäi hunn.