
Visite guidée Jousefkierch zu Esch


23.05 / 10:00 - 12:00
10€Reliéis Gebaier hu Mënschen nach ëmmer faszinéiert. Sie erzielen eng interessant Geschicht iwwert Mënschen, hir Virstellunge vun der Welt an hirem Glawen.
D’Simone Wohl luet Iech an, zesummen déi Geschicht vun der Jousefskierch ze entdecken. Wisou grad esou eng Kierch op esou enger Plaz an esou enger Stad? Firwat gesäit se esou aus ewéi se ass, a wor dat schonns ëmmer esou? Vill Froen déi d’Mme Wohl versicht ze beäntwerten.
Wéini/quand : Freides,vendredi 23.05.2025
RDV: Virun der Jousefskierch zu Esch
Auerzäit/heure: 10h00
Präis/prix: 10 Euro
Sprooch/langue:Lëtzebuergesch
Umeldung: 26540492 oder info@beimkiosk.lu
Iwwerweisen/versement : „Jousefskierch »