
Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
Teneriffa Filmreportage vum Norbert Lepage Becheler Rees vum 25.01.- 01.02.2023


06.11 / 17:00 - 18:30
Teneriffa ass d’Insel vum „éiwege Fréijoer“ mat engem agreabele Klima bal d’ganzt Joer iwwer. D’Insel beandrockt mat enger diverser Palette vu Landschaften. Dëst geet vu subtropeschen Däller bis bizarre Fielsformatioune vu vulkanescher Hierkonft mam Pico del Teide, dem héchste Bierg vu Spuenien. Besicht mat eis haut den Owend ënner anerem La Laguna & d’Anaga Bierger, souwéi La Oratav an den Teide National Park an d’Haaptstad Santa Cruz. Genéisst mat eis de gudde spuenesche Wäin a mir kucken zesummen an d’Stären. E Besuch op déi kleng Insel La Gomera war och geplangt. Dës Insel ass eng richteg Dramdestinatioun fir all Naturfrënn.
Mir wënschen Iech e schéinen Owend mat flotten Erënnerungen.