Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Summerfest beim Kiosk


08.07 / 11:30 - 17:00

25€

Kommt an danzt mat eis an de Summer! Fir eng musikalesch Ambiance suergt de Klimperhari. Hien wäert dofir suergen, dass am Kiosk kee roueg um Stull sëtze bleift.

Haut steet um Menü:

Sangria   –   Summer Buffet   –   Dessert

Déi Léit déi net wëllen um Iessen deelhuelen, si Nomëttes och häerzlech wëllkomm. Genéisst e flotten Nomëtteg mat Musek. Frësch gebaken Eisekuchen, eng Cocktailbar an eng flott Tombola dierfen natierlech net feelen.

D‘Gaby an d’Josiane Dondlinger stelle flott Upcycling Dekoratiouns-Artikelen aus an ee Dësch mat Summerlecture waart op Iech

Där wollt ëmmer mol wëssen, wat oder wéi Djembé gespillt gëtt? Eisen Djembé-Grupp verzaubert Iech mat engem klengen Optrëtt an zitt Iech mat an d’Welt vun den Trommelen.

Mellt Iech séier un, d’Plazen si begrenzt.

Dënschdes, den 8. Juli 2025 um 12.00 Auer

Präis fir de Menü an d’Animatioun: 25€ / Persoun

Mellt Iech als éischt un.

Iwwerweist da mam Vermierk „Summerfest“.

 

 

Veranstaltungsort

11-15, rue CM Spoo
3876 Schifflange
Google Karte anzeigen
Telefon:
26540492

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.