Success Story
12.03 / 19:30 - 23:00
22€Success Story, e lëtzebuergescht Theaterstéck mam
Mani Muller a Carole Lorang, gespillt am Ariston zu
Esch.
„A wou bass du doheem? D’Campagnie du Grand
Boube geet op eng Plaz, déi mir als Gesellschaft dacks
ausblende: an d’Kannerheemer. De Grupp, dee bekannt
ass fir seng dokumentaresch Approche, huet
mat enger Dose Leit aus verschiddene Generatioune
geschwat, déi vun de spéide 50er Jore bis haut an engem
Kannerheem gelieft hunn. Hir Stëmmen, hir mol
schéin, mol ellen Erfarunge gi vu 4 Kënschtler:innen
verschafft. Op der Bün gëtt opgeraumt mat de Klischeeën,
firwat jonk Leit an engem Foyer liewen. Et ass
e Bléck hannert d’Fassade vun de betraffene Famillen,
virun allem awer an d’Gedankewelt vun deenen, déi
séier hiert negatiivt Urteel gesprach hunn: „ Wat hues
du gemaach, fir dass du am Foyer bass?“ Success Story
gëtt eng Äntwert op dës Virurteeler – voller Humor
a Versteesdemech, mat engem solidaresche Bléck fir
Liewensleef, déi gewëss anescht wéi geplangt verlaf
sinn, ma déi awer en Erfolleg sinn.
Wéini/quand: Donneschdeg
Datum/date: 12.03.26
Auerzäit/heure: 19h30
RDV: virum Ariston (9, rue Pierre Claude, Esch/Alzette)
Präis: 22€
Sprooch/langue: letzebuergesch
Umeldung: 26540492 oder info@beimkiosk.lu
Sich für die Veranstaltung anmelden
Sie können sich auch für diese Veranstaltung anmelden, indem Sie den Organisator anrufen oder ihm eine E-Mail schreiben.
Von der Veranstaltung abmelden.