Sonndes zesummen an de Restaurant
24.10 / 12:00 - 17:00
Loosst d’Kachdëppen haut am Schaaf a verwinnt Iech a gudder Gesellschaft. Mär treffen eis ëmmer am Restaurant, iessen à la carte an et gëtt individuell bezuelt. Är Umeldung ass awer verbindlech aus Respekt virum Restaurant
Sonndes, den 24. Oktober 2021.
Am Restaurant „Shirafu“ zu Foetz, et gi chinesesch a japanesch Spezialitéiten zerwéiert. Loosst Iech iwwerraschen.
Rendez-vous um 12.00 Auer: 18-22, rue du Brill (vis-à-vis vum Supermarché Cora).