Panorama Tour laanscht Musel mam E-Bike
04.06 / 9:00 - 13:00
40€Dëst kéier schloe mir Iech eppes Neies fir an zwar mir sinn mam E-Bike ënnerwee. Um Programm e flotten Tour vu 17km. Mär treffen eis um Parking zu Rëmerschen. Vun do aus fuere mär iwwer déi schéin Dräilännerbréck zu Schengen. Duerno geet et op enger flotter, flaacher Streck laanscht d’Musel op der däitscher Säit bis op Nenneg, wou mär de Floss nach eng kéier iwwerquieren a zeréck op Remich fueren, dëst op der lëtzebuergescher Säit vun der schéiner Musel.
Ënnerwee gi puer flott Panorama stoppe gemaach, sou kann een d’Vue genéissen an an engems kann een eng kleng Paus maachen. Dono geet et gemitterlech Richtung Rëmerschen zeréck. Dat ganzt dauert ongeféier zwou Stonnen. Fir den Tour gemitterlech kënnen ze maache soll Där Iech bequeem undoen, e klenge Rucksak dobäi hunn fir den Handy a falls d’Wierder méi frësch ass, eng Wandjackett mee dat wichtegst gutt Stëmmung.
Fir den Tour ofzeschléissen gi mär nom Tour zesummen am „Le Chalet de Rëmerschen“ eppes drénken. Dat héiert sech no engem flotte moien un? Da mëllt Iech séier un.
Cette fois-ci, nous vous proposons une nouveauté : une balade à vélo électrique ! Au programme : une agréable randonnée de 17 km. Rendez-vous sur le parking de Rëmerschen. De là, nous traverserons le magnifique pont de Schengen. Nous longerons ensuite la Moselle, côté allemand, sur une route plate et agréable jusqu’à Nennig, où nous traverserons à nouveau le fleuve pour rejoindre Remich, cette fois-ci côté luxembourgeois.
Quelques points de vue panoramiques jalonnent le parcours, vous permettant d’admirer le paysage et de faire une courte pause. Nous retournerons ensuite tranquillement vers Rëmerschen. Comptez environ deux heures pour l’ensemble de la balade. Pour que la visite soit agréable, il est conseillé de porter des vêtements confortables, d’apporter un petit sac à dos pour votre téléphone portable, s’il fait frais un coupe-vent et surtout de la bonne humeur.
Pour finir, nous nous retrouverons au Chalet de Rëmerschen pour un verre. Tentant, n’est-ce pas ? Inscrivez-vous vite !
Weini? quand?
Donneschden/jeudi
Datum/date: 04.06.2026
Rendez-vous: 09h00 Auer Parking Rëmerschen (50 Meter vum Carpodrome Breicherwee, 5441 Rëmerschen, Schengen )
Präis/prix: 40 € (guide, E-Bike, Helmer/casque, Waasser an e klengen snack/de l’eau et un petit encas)
Sprooch/langue: lëtzebuerg, français, deutsch
Umeldung/inscription: 26540492 oder beimkiosk@clubhaiser.lu
Iwwerweisen/virement: „E-Bike“
Sich für die Veranstaltung anmelden
Sie können sich auch für diese Veranstaltung anmelden, indem Sie den Organisator anrufen oder ihm eine E-Mail schreiben.
Von der Veranstaltung abmelden.